BE A HEARO


Saturday, 22 May 2021

Online: iwwerall wou dir sidd

Price: Gratis

Subtitles available: English & French

Organiséiert vum Rocklab




Wollt dir schonn ëmmer wëssen, wéi eng Band fir e Concert prouft? Oder wat alles muss virbereet ginn, ier dass e Concert an der Rockhal ka stattfannen? Wéi kënnen d'Musekerinnen a Museker gutt zesumme spillen? A wéi eng Instrumenter gehéieren zu enger Pop/Rock-Band?

Mir weisen iech zesummen mam SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) wéi eng Pop/Rock Band fonctionéiert, wat fir Instrumenter d'Museker.innen aus der Band spillen, a wéi se sech virbereeden, éier dass se live op der Bün optrieden fir de Be a HEARo-Concert!

An den Deeler 1-3 vun der Serie léiert dir d'Be a Hearo-Band mat hiren Instrumenter kennen. Entdeckt wat een alles ka mat engem Keyboard maachen, lauschtert den Ënnerscheed tëschent der akustescher, der elektrescher an der Bass-Gittar a fannt eraus, wéi een als Museker/in op der Batterie kann op villen Instrumenter gläichzäiteg spillen.

Am 4. Deel gi mir hannert d'Kulisse vun der Rockhal kucken. Mir weisen iech, wéi et hei ausgesäit, wann e Live-Concert vu Be a HEARo an der Rockhal stattfënnt. Mir kucke mol, wat genau beim Soundcheck gemaach gëtt, wat am Backstage lass ass, a kucken de Museker an der technescher Equipe iwwert d'Schëller, wat se alles musse virbereeden, ier dass de Publikum an de Sall kënnt.

An onsem leschte Video vun der Be a HEARo Serie weise mir Iech ewéi esou een Soundcheck ofleeft, erklären wat d'Roll vun den Mikroen op der Bün ass a wéi de Klang vun der Bün bei Iech kënnt Zousätzlech huele mir Iech mat an de Backstage an weisen, wat d'Band di lescht Minutte virum Concert mécht!